Zurück zu allen Events

D’Prinzessin op der Ierbes


  • Eschter Theater - Ariston 9 Rue Pierre Claude Esch-sur-Alzette, Esch-sur-Alzette, 4063 Luxembourg (Karte)

Traffik Theater

©Patrick Galbats

LU D’Kënschtler*innen vum Traffik Theater erziele mat Zeechnungen, Objeten a Live-Musek eent vun de bekanntste Märercher vum Hans Christian Andersen, a froen sech awer och, ob wierklech nëmmen eng richteg Prinzessin et fäerdeg bréngt, duerch 20 Plommepillemen a Matrassen eng kleng Ierbes ze spieren. Wat wier, wann e Prënz den Ierbessentest misst maachen? Oder Jenny a Menni? A firwat muss engem Prënz seng Fra sou sensibel sinn? Wat wier, wann se just zëmperlech a kriddeleg wier? Wat géif geschéien, wann se nom Ierbessentest keng Loscht hätt, de Prënz ze bestueden? Et kann een sech vill Froe stellen, wann een hautzedaags dem Andersen säi Märche liest, an dat maachen den Dan Tanson, de Michel Boulanger an d’Eleonora Savini mat vill Humor.


Musik an Objetstheater

Wou : Escher Theater - Ariston

Sprooch : LU

Alter : 4 - 8 (cycle 1+ 2)


Tout public : 20.03.25 > 15 :00

23.03.25 > 11 :00 | 15:00

Scolaires : 17.03.25 > 10 :00 | 14:30

18.03.25 > 09 :00 | 10:30

19.03.25 > 10 :00 | 14:30

20.03.25 > 10 :00

21.03.25 > 10 :00 | 14:30


Dan Tanson, Eschter Theater, Cooperation Wiltz

Stéckentwécklung Michel Boulanger, Eleonora Savini, Dan Tanson | Museksdramaturgie a Kompositiounen Michel Boulanger, Eleonora Savini | Kompositiounassistenz Eleonora Savini | Objetdesign, Illustratiounen an Animatiounen Dan Tanson | Bewegungscoach Adèle Bourret | Kostümer Anne-Marie Herckes | Luuchten Bert Marijsse | Bléck vu Baussen Linda Bonvini | Berodung Sandy Artuso | Konstruktioun Dirk Fuchs, Laurent Kohn | Requisite Carine Rando de Felice | Mat Michel Boulanger (Cello, Piano), Eleonora Savini (Gei, Piano, Gesank), Dan Tanson (Zeechnungen an Erzielkonscht) | Crédit photo Patrick Galbats

Production Escher Theater | Coproduction Prabbeli Wiltz | Production de tournée AllerRetourLuxembourg a.s.b.l.

 

Zurück
Zurück
16. März

Das tapfere Schneiderlein

Weiter
Weiter
20. März

We Come From Far, Far Away